D’Biergerinitiativ Quo vadis Käerch gouf am Mee 2009 gegrënnt op Grond vun engem moderne Bauprojet deen den Duerfkär vu Käerch verschampeléiert hätt. Mat alle méigleche Mëttelen as sech dogéint gewiert gin. Quo vadis huet an enger éischter Phase drop gehalen fir dass ronderëm déi schéi Barockkierch déi ënner Denkmolschutz steet, deen historesch gewuessene Site mat deenen alen Haiser erhale bleiwt. Dat selwecht zielt och fir de Site ronderëm d’Gréiweschlass.

 

Mee och am Rescht vum Duerf gëtt et nach interessant Haiser déi nët sollen u Bauspekulanten falen déi eng gro-wäiss Këscht an d’Plaz wëlle praffen. Wéint der Ästhetik si mir och grondsätzlech geint Flaachdiech an deenen 3 Dierfer aus der Gemeng.


Duerno huet Quo vadis sech ëmmer erëm agesat wann et geheescht huet et géifen erëm al an historesch wertvoll Haiser verschwannen.

 

D'Biergerinitiativ Quo vadis Käerch ass och eng vun de 6 Organisatiounen wou 2020 d'Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun gegrënnt hun. Mëttlerweil zielt d'LDF schons 16 Member-Organisatiounen (Stand August 2022).

 

Mir beroden och gären d’Leit wann se wëlles hun eng nei Fassad maachen ze loossen oder nei Fënsteren ze bestellen.

Interesséiert si mir un ale Fotoën oder anert historescht Material vu Käerch, Giewel a Gëtzen.

 

Quo vadis organiséiert Ausstellungen zu verschiddenen historeschen Themen.

 

Den Ament si mir amgaang eng Chronik opzestellen vun den Haiser aus den 3 Uertschaften Käerch, Giewel a Gëtzen déi virum 2. Weltkrich gebaut goufen. Dat soll als Buch erauskommen.