Aktuelles an Neiegkeeten:

Den 2. Juli 2023 war d'Biergerinitiativ Quo vadis beim “Biergerdag am Schlass” zu Käerch mat derbei.
Organiséiert gouf desen Dag vun der Käercher Gemeng zesummen mat de Lokal-Vereiner.

 

Fotoen © Jeff Nothum

De 5. Mäerz 2023 ware mir als 'Biergerinitiativ Quo vadis nees bei der “Journée de l’histoire locale” zu Viichten mat eisem Bicherstand derbei.
Organiséiert gouf desen Dag vun de “Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn” zesumme mat den "Amis du Prieuré d'Useldange"

 

Fotoen © Jeff Nothum

De 27. Mäerz 2022 huet Quo vadis beim Welcome Drink vun der Käercher Gemeng matgemach.

"D'Käercher Vereiner stelle sech vir"

Dest huet Quo vadis mat engem grousse Stand gemach.

 

Foto © Jean-Claude Thies

Am Mäerz 2022 huet Quo vadis sech e puer Sachen zur Eegewerbung ugeschaft.

 

Foto © Jean-Claude Thies

Den 3. Oktober 2020 huet Quo vadis seng nei Hiemer a Poloën virgestallt.

 

Foto © Jeff Nothum

Den 3. Oktober 2020 huet Quo vadis bei der Protestaktioun an der Stad

"Eisen Denkmalschutz fonktionnéiert nët" matgemach.

Des gouf vun der "IK-CNCI" organiséiert an et hun sech 18 lëtzebuerger Organisatiounen zesummen fond.

 

Foto © Jean-Claude Thies

Am Laf vum Joër 2020 gouf déi nei "Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun” (LDF) gegrënnt.

Niewent 5 aneren Organisatiounen ass och d’Biergerinitiativ Quo vadis Käerch Grënnungsmember vun dëser Federatioun.

Hier Haptaufgab ass et fir op politeschem Niveau fir den Denkmalschutz hei am Land ze schaffen.

De 17. Mäerz 2019 ware mir wéi all Joër zu Viichten op der “Journée de l’histoire locale”

mat eisem Bicherstand derbei.
Organiséiert gouf desen Dag vun de “Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn”

 

Foto © Jean-Claude Thies