Eis nächst Aktivitéiten:

16 Abrëll 2024 Generalversammlung mat Konferenz

Eng Konferenz vum Jos Goergen zum Thema: "Grenzmaarken un der Lëtzebuerg-Belscher Grenz".

Ufank vun der Generalversammlung um 19:30 an uschléissend d'Konferenz geint 20:15

Fotoen © Jos Goergen

Eis Aktivitéiten an de leschte Joren:

07 Oktober 2023 Ausfluch an d'Rackés Millen an e Besuch am Baueremusée zu Bënzelt

Nom succés vum leschte Joer hat d'Biergerinitiativ Quo vadis Käerch och dest Joer nees en Ausfluch fir seng Memberen a Frënn organiséiert. An zwar goung et op Äischer wou mir eng ganz interessant Visite guidée vun der Rackés Millen ugebuede kruten.
No engem gudden Mëttegiessen am Restaurant vun der Millen si mir weidergefuer op Bënzelt an de Baueremusée wou mir dunn eng lieweg Visite guidée matmache konnten.
Mir soen all eise Guiden e grousse Merci well sie eis alles mat Häerz a Séil erklärt hun.

Fotoen © Jean-Claude Thies

 

28 Mäerz 2023 Generalversammlung mat Konferenz

Eng Konferenz vum Henri Carême, Dr en histoire d'art zum Thema: "Les peintres du XVIIIe siècle originaires, actifs ou établis dans la commune de Koerich : une découverte de leur vie et de leurs œuvres"

Fotoen © Jeff Nothum

08 Oktober 2022 Ausfluch op d'Schlass Malbrouck an op Sierck-les-Bains

Als éischten Ausfluch vun der Biergerinitiativ Quo vadis Käerch, hu mir eng Visite guidée vum Schlass Malbrouck an eng vun der Stad Sierck-les-Bains op engem Oktober-Samsdeg erliewt. Bei schéinstem Wieder an herrleche Farwen an der Natur konnte mir dest klasséiert Schlass aus dem XV Joerhonnert an der Lorraine bewonneren. Och d'Visite guidée vu Siirk selwer mat sengen Häiser deels nach aus dem 17 Joerhonnert war ganz léierreich an héich interessant. Zum Ofschloss gouf et loutrenger Kascht.

Fotoen © Jean-Claude Thies & Joao

26 Abrëll 2022 Generalversammlung mat Konferenz

Eng interessant Konferenz vum Anne-Marie Everard mam Titel:

"d'Hausnimm aus der Gemeng Käerch"

19 Juni 2021 Generalversammlung

Weint de Covid-19 Mesuren war des Generalversammlung ouni Konferenz

10 März 2020 Generalversammlung mat Konferenz

Eng interessant Konferenz vun der Dr Nicole BRIX, Professer fir Geschicht a Soziologie mam Titel:

"Lëtzebuerg nom Wiener Kongress : Personalunioun mat den Niederlande ënnert der Herrschaft

vun der Dynastie ORANIEN-NASSAU".

5 März 2019 Generalversammlung mat Konferenz

Eng interessant Konferenz mam Emanuel DE LORENZI mam Titel:

"Restauréierung vun aalen Haiser am Sënn vum Patrimoine“

6 März 2018 Generalversammlung mat Konferenz

Eng interessant Konferenz mam Fieschter Marc PARRIES iwwert d’Stuermschied vum 6. Juli 2014:

"d’Rou nom Stuerm am Härebësch“

30. September - 1. Oktober  2017 Ausstellung

"Handwierk a Commerce an der Gemeng Käerch"

7 März 2017 Generalversammlung mat Konferenz

Eng interessant Konferenz mat der Historikerin Antoinette REUTER iwwert
“d’Hexen an d’Hexeprozesser zu Käerch”

8 März 2016 Generalversammlung mat Konferenz

Eng interessant Konferenz mam Literaturhistoriker Roger MULLER iwwert

"de Michel RODANGE an der Käercher Zäit"

3. - 4. Oktober 2015 Ausstellung

"Aarbechten ronderëm d'Haus"

10 März 2015 Generalversammlung mat Filmvirféierung

Interessant Filmer aus de 1960er Jorën vum Här Marcel JEITZ

"de Spéis Schmatt" - "Hunne Péit" - "Eischt Hëllef Cours an der Gemeng"

11 März 2014 Generalversammlung mat Filmvirféierung

Interessant Filmer aus de 1960er Jorën vum Här Marcel JEITZ

"d'Wasserwierk zu Käerch" - "Holzverarbechtung - am Bösch a beim Schreiner zu Käerch"

5. - 6. Oktober 2013 Ausstellung

"d'Kanner aus der Gemeng Käerch beim Spillen"

5 März 2013 Generalversammlung mat Filmvirféierung

Interessant Filmer aus de 1960er Jorën vum Här Marcel JEITZ

a vum Dany Mosbeux - d'Geschicht vun der belscher Autosmarque "Impéria"

13 März 2012 Generalversammlung mat Konferenz

Eng interessant Konferenz mam René Klein Spezialist an der Heraldik:

"Wopen - Geschter an haut“

1. - 2. Oktober 2011 Ausstellung

"d'Awunner aus der Gemeng Käerch an hieren éischten Auto"

En Artikel heizou ass bei eisen Publikatiounen ze fannen.

22 März 2011 Generalversammlung mat Konferenz

Eng interessant Konferenz mam René Daubenfeld iwwert:

"Auswanderung no Amerika - Recherchen an den Archiven an um Interet“

mat Beispiller aus der Gemeng Käerch

9. - 10. Oktober 2010 Ausstellung

"d'Landwirtschaft vu fréier an der Gemeng Käerch"

24 März 2010 Generalversammlung mat Presentatioun

Eng interessant Foto-Presentatioun vum Fernand Toussaint:

"Rétrospective de l'architecture du patrimoine local“

29 September 2009 Ausstellung

"Duerfarchitektur un hand vun ale Fotoën"